search

/ Nvidia berouegt d'Ängscht virun enger KI-Blos

Wirtschaft an Technologie

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Nvidia berouegt d'Ängscht virun enger KI-Blos

D’Chipsystemer vun Nvidia hu sech zu enger Schlësseltechnologie fir Software mat Kënschtlecher Intelligenz entwéckelt a ginn antëscht an alle grousse KI-Modeller agesat. Gëschter um Mëttwochwend huet Nvidia säi Bilan vum 3. Trimester presentéiert  - an huet all Erwaardungen iwwertraff.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
nvidia | © Tada Images/Adobe Stock
nvidia (Foto: Tada Images/Adobe Stock)

Eigentlech war am Virfeld gefaart ginn, datt et no der Presentatioun zu engem Crash op der Bourse géif kommen. Deen ass awer um Enn ausbliwwen. Mee am Joresvergläich huet Nvidia säin Nettogewënn am leschten Trimester ëm 65 Prozent gesteigert, op knapp 32 Milliarden Dollar – wäit méi, wat Experte geschat haten. Den Ëmsaz louch bei 57 Milliarden Dollar, e Plus vun 62 Prozent.

D’Chippe vun Nvidia sinn den Ament u sech quasi onëmgänglech fir d’Notzung vu KI-Modeller. Si gi genotzt fir den Training dovun, zum Beispill fir den Chatbot ChatGPT, awer eben och fir d’Softwaren ze bedreiwen.

Google oder Microsoft zum Beispill fëlle ganz Rechenzentre mat deene Chippe vun Nvidia. D’Nofro no Recheleeschtung géif exponentiell wuessen, sot gëschter Owend de Firmechef Jensen Huang. Wann héich Investitiounen a Rechenzentre fir KI fléissen, lant e groussen Deel dovu bei Nvidia.

D’Blos ronderëm Nvidia

An de leschte Wochen hat sech op de Bourssen allerdéngs d’Angscht breet gemaach, datt déi héich Erwaardungen un dat zukünftegt Geschäft mat Kënschtlecher Intelligenz – Spekulatioun also – zu enger Blos bei den Aktiecoursë vun Techentreprisë geféiert kéint hunn.

Et ass virun allem ëm d’Fro gaangen, ob déi Honnerte Milliarden Dollar, déi an den Ausbau vu KI-Rechenzentre gestach ginn a goufen, iwwerhaapt an noer Zäit kënnen zeréck verdéngt ginn.

Wat genee huet dës Suerg grad elo ausgeléist?

Ausgangspunkt waren Aussoe vum Facebook-Grënner Mark Zuckerberg. Hie sot Mëtt September, datt et besser wier ze vill ze investéieren, wéi den Zuch ze verpassen an um Enn net kënne mam Marché ronderëm KI matzehalen.

Dat war net gutt bei den Investisseuren ukomm. D’Aktie vu sengem Konzern Meta hat doropshin e Fënneftel vun hirem Wäert verluer.

Och de Wäert vun Nvidia op der Bourse war bannent e puer Woche vu 5 op ronn 4,5 Billiounen Dollar gefall. Nvidia ass trotzdeem déi wäertvollsten Entreprise op der Bourse bliwwen.

D’Investisseuren hu gefaart, datt d’Geschäft vum Konzern kéint leiden, wa KI-Firme manner sollten investéieren. Rezent hunn der och e puer hir Undeeler bei Nvidia ofgestouss.

Um Enn waren och Vergläicher mat der Dotcom-Blos vun Enn den 1990er Jore gezu ginn. Deemools haten Investisseure massiv Suen an déi deemools nei a revolutionär Internetbetriber gepompelt, ouni Récksiicht op Gewënner oder Ëmsaz. A wéi déi ze héich Erwaardunge geplatzt sinn, sinn d’Coursen op de Bourssen ofgestierzt a vill Entreprise si faillite gaangen.

D’Euphorie ronderëm KI am Vergläich mat der Dotcom-Blos

Och deemools ware vill jonk Start-Ups rapid un d’Bourse gaange fir séier Kapital fir hire Wuesstem ze kréien a goufen heefeg just op hir Zukunftsaussiichte bewäert, an net op Basis vun hiren tatsächleche Gewënner.

Genee dat gëtt gefaart, datt et och elo kéint geschéien. Et gëtt zwar e puer weesentlech Ënnerscheeder tëschent KI an der deemoleger Dotcom-Blos: De Boom ronderëm KI gëtt zum Beispill gréisstendeels vun etabléierten an héich profitabelen Techkonzerner gedriwwen a finanzéiert, wéi Microsoft, Google an Amazon, an eben net primär duerch Spekulatiounen op der Bourse oder duerch Scholden.

Trotzdeem wäert wuel iergendwann eng Kurskorrektur op de Boursse stattfanne mussen, well op laang Siicht entscheet net de projezéierten oder erhoffte Gewënn, mee den tatsächlech erwirtschaftete Gewënn doriwwer, wéi héich e Betrib un der Bourse bewäert gëtt.

Eng temporär Berouegung

Fir den Ament kann den Höhenflug awer nach weidergoen. No der Presentatioun vun den Nvidia-Geschäftszuelen huet hir Aktie op de Bourssen nees ëm 5 Prozent zougeluecht, an och d’Coursë vun aneren Chipkonzerner souwéi Nvidia-Clienten - also Google, Microsoft, Amazon a Meta - loungen am Plus.

D’Nofro no Chippen ass nach ëmmer do. D’Angscht virum Platze vun der Blos ass awer wuel just op bestëmmten Zäit op Äis geluecht.

play_arrow Lauschteren