arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Premier Luc Frieden annoncéiert Zesummenaarbecht mat Mistral AI

Franséisch Kënschtlech Intelligenz

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Premier Luc Frieden annoncéiert Zesummenaarbecht mat Mistral AI

De Premier Luc Frieden huet um Dënschdegmoien op der KI-Konferenz Nexus um Kierchbierg eng Partnerschaft mat der franséischer Firma Mistral AI ugekënnegt. Mistral AI soll eng Schlësselroll an der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz an technologescher Innovatioun zu Lëtzebuerg spillen.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Arthur Mensch, CEO vu Mistral AI a Premier Luc Frieden | © ME
Arthur Mensch, CEO vu Mistral AI a Premier Luc Frieden (Foto: ME)

Et wier dem Premier Luc Frieden no wichteg d’Data Souveränitéit net ganz China oder den USA ze iwwerloossen an duerfir hätt ee sech wëlle mat deem gréissten Acteur an Europa zesummesetzen. MISTRAL AI soll dem Staat hëllefen, méi effikass ze schaffen. Sou zum Beispill bei der Ëmsetzung vun EU-Direktiven. D’Nexus Konferenz, déi haut a muer Entreprisen a KI-Experten aus der ganzer Welt zesumme bréngt wier een Zeechen, datt Lëtzebuerg sech oppe weist fir Fortschrëtt, esou nach de Luc Frieden

play_arrow Lauschteren