D‘Piratepartei huet dogéint gestëmmt. Hiren Deputéierte Marc Goergen sot, et wier geféierlech, dass hei Date gesammelt géife ginn, ewéi de Numm oder d‘Informatioune vun Handyen, wou een hi reest. Esou guer d‘Asätz vu Police an Arméi géifen herno an där Datebank landen, esou de Marc Goergen.
D‘Rapportrice vum Gesetzprojet, Corinne Cahen vun der DP, huet betount, déi gesammelt Date géifen ënnert d‘Dateschutz-Reglement falen, a mir géifen all souwisou haut scho vill vun eisen Date fräi ginn. Si géif sech froen, wéi ee kéint dogéint sinn, ëmmerhin géif ee sech beispillsweis och net bei Google Maps Froe stellen.
Do froe mer och net laang, wëssen déi elo, datt d'Corinne do ënnerwee ass oder wësse se einfach, dass mäin Auto do ënnerwee ass oder dass, dat geet ons drëms, fir dee séierste Wee ze fannen, fir net am Stau ze stoen. Déi Applikatiounen, déi soen eis, wat si eis géife proposéieren, fir net am Stau ze stoen a wéi laang mer och nach brauchen. An et ass jo ganz, ganz praktesch alles a mir benotzen dat och alleguerten an dofir mengen ech ass et och sënnvoll hei am Land esou en Observatoire ze hunn, deen eis hëlleft, eis Weeër ze optimiséieren.
Den digitale Mobilitéits-Observatoire gëtt am Transportministère ugesidelt. Déi gréng hunn de Projet mat gestëmmt, mee bedauert, dass keen onofhängege Mobilitéits-Observatoire geschaf gouf, sou wéi et am initiale Projet vum fréiere grénge Mobilitéitsminister François Bausch virgesi war.