arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Pann bei der Post behuewen, Ursaach weider onbekannt

Kommunikatioun

|
headphones

1 min

Grouss Pann bei der Post behuewen, Ursaach weider onbekannt

Eng grouss Pann an de Kommunikatiounsreseaue vun der Lëtzebuerger Post huet gëschter um Mëttwoch d'ganzt Land betraff. Och d'Noutruffdéngschter 112 an 113 ware stonnelaang net ze erreechen. D'Ursaach vum Problem ass de Moien nach net bekannt.

headphones

1 min

D'Pann hat géint 16:15 de Mëttwoch Mëtteg ugefaangen. No 4 Stonnen, kuerz no 8 Auer owes, goufen déi éischt Servicer retabléiert. D'Post, dee gréissten Operateur mat och deem gréisste Reseau, huet vun engem "generaliséierten Incident" geschwat.

Krisecellule gouf aktivéiert

D'Regierung hat am fréien Owend eng Krisecellule zesummegeruff, ënner anerem a Presenz vum Wirtschaftsminister Lex Delles an dem Inneminister Léon Gloden. D'Post géif d'Ursaach vun der Pann nach analyséieren an d'Situatioun géif weider iwwerwaacht ginn, esou e Communiqué vun der Krisecellule de Mëttwoch den Owend.

LU-Alert-System gouf aktivéiert

D'Awunner an Awunerinne waren iwwer hire Smartphone iwwer den LU-Alert-System iwwer d'Problemer informéiert ginn. Wien an engem Noutfall wier an net un den 112 kënnt, sollt en aneren Operateur wielen (ouni datt matgedeelt gouf, datt de Problem bei der Post louch) oder sollt sech an den nächsten Asazzenter oder Urgence deplacéieren. D'Clientë vun der Post hunn dee Message allerdéngs eréischt kritt, wéi d'Pann eriwwer war.

Vill Clientë betraff

D'Lëtzebuerger Post huet vill Clienten. Bei de Privatclienten hat d'Post Enn 2024 bei den Internetabonnementer e Maartundeel vun 58 Prozent, bei den Handysabonnementer vu 50 Prozent. Am professionelle Beräich läit de Maartundeel vun der Post bei 78 Prozent a bei den Handysabonnementer bei 61 Prozent, esou d'Zuele vum Regulateur ILR.