arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rekordbudget fir d'ESA: Lëtzebuerg leet ronn 265 Milliounen Euro bäi

Weltraumagence

|
headphones

1 min

Rekordbudget fir d'ESA: Lëtzebuerg leet ronn 265 Milliounen Euro bäi

Déi europäesch Weltraumagence ESA kritt ee Rekordbudget, fir Europa am Space-Secteur ze stäerken. Fir déi nächst dräi Joer ass deemno e Budget an der Héischt vu knapp 22,1 Milliarden Euro virgesinn. Dorop hunn sech d‘Memberlänner vun der ESA haut op enger Konferenz zu Bremen gëeenegt.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Sina Schuldt
(Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt)

Lëtzebuerg dréit am ganzen 265,1 Milliounen Euro zu deem Pak bäi, wéi de Wirtschaftsministère an engem Communiqué confirméiert.

Dës Rekordzomm géif weisen, datt d‘Raumfaart ëmmer méi wichteg fir d‘Sécherheet an d‘Defense géif ginn, esou nach den ESA-Chef Josef Aschbacher.