Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nordkorea schéisst Laangstrecke-Rakéit of

Militär

Nordkorea schéisst Laangstrecke-Rakéit of

Nordkorea huet dem südkoreanesche Militär no eng ballistesch Laangstrecke-Rakéit getest, déi mat nukleare Sprengkäpp ka geluede ginn. De Start vun där presuméierter interkontinentaler Rakéit wier de Moie vu Südkorea erfaasst ginn, sou d‘Arméi zu Seoul.

auto_stories

1 min

© Maciej Ruminkiewicz / Unsplash
(Foto: Maciej Ruminkiewicz / Unsplash)

D‘Rakéit wier a Richtung Japan geflunn an an d‘Mier erofgefall. Déi japanesch Regierung sot, d‘Rakéit wier méiglecherweis capabel, d‘USA ze erreechen.

Washington huet den Test vun der Rakéit verurteelt. Eréischt gëschter Owend hat Nordkorea eng Kuerzstrecke-Rakéit getest. Dës Tester kommen no der Arrivée vun engem nuklearen amerikanesche U-Boot an der Regioun.