search

/ Nom Ophiewe vum Orbán-Veeto: EU wëllt iwwer Ukrain-Bäitrëtt verhandelen

Informellen EU-Sommet

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Nom Ophiewe vum Orbán-Veeto: EU wëllt iwwer Ukrain-Bäitrëtt verhandelen

D'Verhandlunge sollten esou séier wéi méiglech geféiert ginn, esou de Premier Luc Frieden um Bord vum informellen EU-Sommet op Zypern. D'Konditioune missten erfëllt ginn, mee d'Erweiderung vun der EU wier och eng geostrategesch Fro.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Informell Reunioun op Zypern | © EPA/GEORGE CHRISTOFOROU
Informell Reunioun op Zypern (Foto: EPA/GEORGE CHRISTOFOROU)

De Luc Frieden huet genee wéi déi aner EU-Staats-  a Regierungscheffen d’Decisioun begréisst, de Wee fräizemaache fir ee Prêt vun 90 Milliarden Euro fir d’Ukrain an ee Pak mat neien EU-Sanktioune géint Russland.

Déi Decisioune waren en Donneschdeg geholl ginn, nodeems Ungarn säi Veeto opgehuewen hat.

Orban-Out mécht de Wee fräi

Et wier eng gutt Nouvelle an een Zeechen dofir, datt d’EU géing funktionéieren, esou de Lëtzebuerger Premier gëschter Owend zu Agia Napa op Zypern, um éischten Dag vun deem informellen EU-Sommet.  

D’EU wier domat zwee wichteg Schratt no vir gaangen, nämlech d’Ukrain méi staark ze maachen an den Drock op Russland ze erhéijen, huet iwwerdeems en Donneschdeg den Owend de Conseilspresident Antonio Costa betount.

Elo wier et Zäit deen nächste Schratt ze goen, esou de Portugis.

“Elo muss deen nächste Schratt geholl ginn. Dee besteet doran, déi éischt Kapitele vun de Verhandlungen iwwer ee Bäitrëtt vun der Ukrain an d’EU op ze maachen.”

Dat soll am Fong schonn am Summer zejoert decidéiert ginn. Mee Ungarn hat och do säi Veeto ageluecht.

Luc Frieden: EU-Erweiderung ass geostrategesch Fro

Ouni de Viktor Orban als ungaresche Premier kéint dee Prozess elo méi séier virugoen. Dovun ass och de Luc Frieden iwwerzeegt.

"Ech menge schonn, datt een déi Verhandlunge soll seriö an intensiv an esou schnell wéi méiglech féieren."

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel hat dacks drop gepocht, datt all EU-Kandidat misst fir d'éischt emol d’Konditiounen erfëllen.

Fir de Lëtzebuerger Premier geet et awer net nëmmen dorëm.  

Och 2004 wieren net alleguerten d’EU-Kandidaten um nämmlechten Niveau vun der Entwécklung gewiescht, mee deemools wier gesot ginn, dat misst elo gemaach ginn.

“Fir mech ass d'Erweiderung vun der Europäescher Unioun net nëmmen eng Fro dovun, d’Konditiounen ze erfëllen, et ass och eng geostrateegesch Fro”

 Et géif keng Ofkierzunge fir an d’EU ze kommen,

"ma et kann een d'Saachen e bësse méi effikass a bësse méi schnell maachen”.

Dat gëllt awer net nëmme fir d’Ukrain.

Stabilitéit an Europa kritt een och doduerch, datt Staaten am Westbalkan eng EU-Perspektiv kréien, esou de Luc Frieden.

Wolodymyr Selenskyj: Mir si prett

De Wolodymyr Selenskyj huet iwwerdeems hei op Zypern betount, datt seng Regierung prett ass, déi sechs éischt Kapitelen opzemaachen.

Hien huet och ënnerstrach, wéi wichteg dee Kredit vun 90 Milliarden Euro ass. D’Ukrain wäert een Deel dovun dofir huelen, den Energiesystem nees opzebauen.  

Déi 90 Milliarden Euro wieren och dofir do Drock op Russland ze maachen un de Verhandlungsdësch ze kommen, esou den ukrainesche President.

Energie-Mesuren: Koordinatioun ass schwiereg

D’EU-Staats- a Regierungscheffen haten och een Echange iwwer méiglech Reaktiounen op d’Energiekris. D’Europäesch Kommissioun hat do méi Koordinatioun tëschent de Memberlänner gefrot.

Vill vun deene Mesurë missten op nationalem Niveau geholl an och do decidéiert ginn, sot dozou de Luc Frieden, dowéinst géing et hei net direkt ëm eng europäesch Politik.

Et wier een den Ament an der Phas d’Situatioun ze analyséieren, esou de Lëtzebuerger Premier. 

Um zweeten Dag vum informelle Sommet stinn haut um Freideg Gespréicher iwwer deen nächsten EU-Budget am Mëttelpunkt.

play_arrow Lauschteren