arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orbàn gëtt EU-Hëllefspak fir d'Ukrain fräi an d'Druschba-Pipeline ass nees op

EU

|
reading time

1 min

Orbàn gëtt EU-Hëllefspak fir d'Ukrain fräi an d'Druschba-Pipeline ass nees op

Den nach President Viktor Orbàn huet de 90 Milliarden Euro schwéieren Hëllefspak fir d'Ukrain haut zu Bréissel fräi ginn. Déi ungaresch Regierung hat sech zënter Méint géint dësen Prêt opposéiert. Iwwerdeems ass d'Druschba-Pipeline nees op a Richtung Ungarn.

reading time

1 min

Viktor Orbán | ©  EPA/OLIVIER MATTHYS
Viktor Orbán (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

De Moien huet d‘Regierung vum nach-Premier Orbàn zu Bréissel d‘Decisioun matgedro, deemno ass elo de Wee fräi fir eng nei Ukrain-Hëllefe vu bis zu 90 Milliarden Euro. 

Donieft kann elo och en neie Pak mat Sanktioune géint Russland op de Wee bruecht ginn. Dat Ganzt muss elo nach schrëftlech confirméiert ginn, dat soll muer geschéien. 

Druschba-Pipeline nees op 

Vu Budapest koum de Mëtteg och d'Confirmatioun, datt nees Pëtrol aus Russland duerch d'Druschba-Pipeline a Richtung Ungarn fléisst. Dat war eng vun de Konditioune vum Viktor Orbàn. Déi Pipeline war am Januar bei engem russesche Bombardement beschiedegt ginn. Den ungareschen Nach-President huet d'Ukrain beschëllegt gehat, d'Pëtrolsliwwerungen duerch déi Pipeline express gestoppt ze hunn. 

Russland huet haut iwwerdems matgedeelt, kee Pëtrol méi duerch d‘Druschba-Pipeline a Richtung Däitschland ze schécken.