arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Accord: Lëtzebuerg muss méi fir Frontalieren am Chômage opkommen

Securité-Sociale-Systemer

|
reading time

2 min

EU-Accord: Lëtzebuerg muss méi fir Frontalieren am Chômage opkommen

EU-Parlament a Memberlänner goufe sech no zéng Joer eens iwwer eng Reform vun de Reegelen, déi Securité-Sociale-Systemer ënner de Memberlänner koordinéieren. Deemno misst Lëtzebuerg méi laang Chômage-Allocatiounen u Frontaliere bezuelen, déi hir Aarbecht hei am Land verluer hunn.

reading time

2 min

Lëtzebuerg wäert an Zukunft méi Chômage-Indemnisatioune fir Frontaliere bezuele mussen.

An der EU si sech e Mëttwoch den Owend d’Negociateuren aus dem Europaparlament an de 27 EU-Memberlänner eens ginn iwwer nei Reegele fir d’Koordinatioun vun den nationale Securité-Sociale-Systemer.

EU-Kommissioun hat 2016 nei Reegele proposéiert

Iwwer déi Reform gouf zënter 10 Joer ouni Succès verhandelt. Et geet virun allem dorëms, d’Reegele besser ze koordinéieren a sécherzestellen, datt Leit, déi a verschiddene Memberlänner schaffen, hir sozial Rechter behalen.

No 22 Woche Recht op sechs Méint Chômage

Konkreet gesinn déi nei Reegele vir, datt Lëtzebuerg misst Frontalieren, déi op d'mannst 22 Wochen am Grand-Duché affiliéiert waren, sechs Méint laang Chômage, Indemnitéite bezuelen. 

Dat ass méi wéi de Grand Duché bis elo den Nopeschlänner duerch Accorden a bilateralen Ofkommes zoukomme léisst. Bis elo kënnt Lëtzebuerg héchstens fir dräi Méint Chômage op.

Lëtzebuerg krut eisen Informatiounen no als eenzegt Land eng Ausnam zougestanen an hätt deemno siwe Joer Zäit fir d’Reform ëmzesetzen.

Accord muss nach definitiv guttgeheescht ginn

Esouwuel d’Europaparlament wéi och d’Memberlänner mussen deen Accord nach guttheeschen, fir datt e kann a Kraaft trieden. An der Vergaangenheet war de fäerdeg verhandelten Text schonn zweemol nees vun de Memberlänner gekippt ginn, andeems en net déi néideg Majoritéit krut.

Déi zypriotesch EU-Presidence huet wëlles, den Accord e Freideg den EU-Ambassadeuren ze presentéieren.