Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ No engem Hausbrand zu Ëlwen: Eng Persoun ass liewensgeféierlech blesséiert ginn

Police deelt mat

No engem Hausbrand zu Ëlwen: Eng Persoun ass liewensgeféierlech blesséiert ginn

Beim Feier an engem Haus gëschter um Dënschdegowend zu Ëlwen ass eng Persoun liewensgeféierlech blesséiert ginn. Dat deelt d‘Police de Moie mat.

auto_stories

1 min

Wéi d‘Police op d‘Plaz koum haten d‘Awunner d‘Haus scho verlooss. Ee vun hinnen hat liewensgeféierlech Blessuren a gouf nach op der Plaz behandelt an duerno an d‘Klinik bruecht. D‘Police technique gouf mat der Enquête befaasst.