2022 hat d’Firma Nowhere Land Productions, zënter Jorzéngten am Documentaireberäich aktiv, beim Filmfong gefrot, fir finanziell Hëllefen ze kréien.
D'Fro no der legaler Basis
2023 hat de Fong der Firma matgedeelt, datt hir Demandë suspendéiert wieren. Nowhere Land Productions war dat Joer op d’Verwaltungsgeriicht gaangen, mee den Tribunal administratif hat der Firma zejoert Onrecht ginn. Déi hat doropshin d’Cour administrative saiséiert.
Där hir Riichteren hu sech virun allem d’Fro gestallt, ob d’Decisioun vum Filmfong-Direkter eng legal Basis hat.
D’Gesetz vun 2014 iwwer de Fong geséich keng prezis Prozedur fir d’Vergi vu Finanzhëllefe vir. De Filmfong hätt sech dofir op en Artikel vun engem Règlement grand-ducal vun 2014 beruff. Dat wier geholl ginn, andeems op en Artikel vum modifizéierte Gesetz vun 1996 iwwer d’Reform vum Statsrot verwise gouf.
Deen Artikel gesäit d’Méiglechkeet vir, datt beim Beruffen op eng Urgence e groussherzoglecht Reglement ka geholl ginn, ouni datt de Conseil d’État en Avis muss ofginn, entgéint der allgemenger Reegel. D’Cour misst also kucken, ob sech am Kader vun der Ausschaffungsprozedur vun engem Règlement grand-ducal op esou en Urgencëfall konnt beruff ginn.
Invoquéiert Urgence war "largement auto-cuisinée"
2014 war eng geschriwwen Note un de Grand-Duc gaangen, fir datt deen e Projet de règlement grand-ducal zum Gesetz iwwer de Filmfong ënnerschreiwe géif. De Statschef sollt den urgente Charakter vum Projet unerkennen, ouni datt de Statsrot ëm seng Meenung géif gefrot ginn. Woubäi fir de Staat de Conseil d’État dee Reglementsprojet virgeluecht kritt hätt.
Déi zweet Riichtere gesinn dat anescht. D’DP-Kulturministesch Maggy Nagel hätt nämlech ënner anerem vun der “absence d’une consultation du Conseil d’État” geschwat. Dofir freet d’Cour sech, ob déi invoquéiert Urgence begrënnt war, wéi de Grand-Duc de Projet virgeluecht krut. Fir drop ze äntweren, datt e Règlement grand-ducal onverzichtbar war, scho wéi de Projet de loi iwwer de Filmfong deposéiert gouf.
D’Auteure vum Gesetz wiere sech däers bewosst gewiescht, well si de Gesetzprojet mat engem Reglementsprojet verknäppt hätten, deen net vum Statsrot aviséiert gouf.
Nowhere Land Productions kritt 3.500 Euro zougesprach
Déi invoquéiert Urgence wier “largement auto-cuisinée” gewiescht, an et hätt genuch Zäit ginn, fir en Avis vum Conseil d’État unzefroen.
D’Urgence, déi dem Statschef géintiwwer invoquéiert gouf, hätt net virgeleeën. Den entspriechende Règlement grand-ducal wier zu Onrecht erlooss ginn, ouni Avis vum Statsrot, an domat inapplicabel, soudatt d’Reegelen, fir Finanzhëllefen ze verginn, keng legal Basis haten.
An dofir krut Nowhere Land Productions eng Indemnité de procédure vun 3.500 Euro zougesprach.