Radioen

On air

Notturno  |  V/Z - Habadash Feat. Cathy Lucas

play_arrow Live
search

/ No Messerugrëff op EM-Party: Police erschéisst den Täter

Däitschland

No Messerugrëff op EM-Party: Police erschéisst den Täter

An Däitschland koum et a Sachsen-Anhalt gëschter Owend zu enger déidlecher Messerattack op enger privater EM-Party. Ee 27 Joer jonken Täter soll an der Stad Wolmirstedt méi Persounen ugegraff ginn. Dobäi koum eng Persoun ëm d‘Liewen an 3 weider Leit goufen deels schwéier blesséiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Schulz
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Schulz)

Den Täter wier duerno geflücht an ass duerno vu Polizisten erschoss ginn, wéi hie probéiert hat, och si ze attackéieren. 

Et géif den Ament keng Indicen op eng reliéis oder terroristesch motivéiert Dot ginn, sou d‘Police vun der Plaz. Genee Hannergrënn sinn awer nach onbekannt.