Radioen

On air

De Moien  |  Free - All Right Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Ëmfro zesumme mat ILRES: Bei de Leit drängt sech eng Wäertediskussioun op

Mouvement Ecologique

No Ëmfro zesumme mat ILRES: Bei de Leit drängt sech eng Wäertediskussioun op

De Mouvement Ecologique fillt sech duerch eng Ëmfro a senge Fuerderunge bestäerkt: A ville Punkte setzen sech d’Leit, déi gefrot goufen, fir méi eng nohalteg Politik an. Zum Deel gëtt souguer de Wuesstemsmodell a Fro gestallt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Bigstock

Eppes iwwer 1.000 Leit hat d’ILRES tëscht dem 27. September an dem 4. Oktober gefrot, also nach kuerz virun de Chamberwalen. Et goung drëms d’Wäertvirstellungen, de Gesellschafts-a Wirtschaftsmodell, d’Liewensastellungen an Erwaardunge vun de Leit un d’Politik ze klären. Keng ganz einfach Froen also. Een héijen Undeel vun den Äntwerte gouf dann och mat engem Weess ech net” quittéiert.

Net just Encouragement, och Reegelen

Fir d’Blanche Weber goung et an der Haaptsaach dorëms rauszefannen, wéi eng Astellung d’Leit zu deene verschiddenen Theemen hunn:   

“A mir wollten dës Ëmfro maache fir ze kucken, ob den Handlungsoptrag vun der Politik, dee fir eis net zur Diskussioun géing stoen, egal wéi dës Ëmfro aus gaange wier, ob deen och géing Sukkurs fanne quand au fond bei de Leit.”

Der Enquête no läit de Leit zum Beispill d’Fro vun der Biodiversitéit um Häerz: 54 Prozent mengen, et misst méi iwwer dat Thema geschwat ginn.

D’Erhale vun Natur a Wirtschaft misst eng politesch Prioritéit sinn. Lëtzebuerg misst trotz de Krise méi nohalteg funktionéieren. Ëmwelt-a klimafrëndlecht Verhale sollt duerch Primmen encouragéiert ginn, mee och Reegele wieren noutwendeg, ass den Echo vun der Ëmfro.

“Kloren Handlungsoptrag un d’Regierung” 

Generell gëtt och no engem Ëmdenke verlaangt. D’Fro, wat ee gutt Liewen ass, misst nei gestallt ginn an net just no materielle Wäerter orientéiert ginn. Eng Wäertediskussioun géif sech hei opdrängen, sou de Christophe Murroccu vum Mouvement.

“Méi wéi dräi Véierel vun de Leit, dat heescht 78 Prozent, sinn der Meenung esou eng Diskussioun muss gefouert ginn. Dat heescht, mir hunn hei eigentlech e ganz kloren Handlungsoptrag un d‘Regierung fir déi Wäertediskussioun ze féieren an awer och hir Politik, déi se dann an Zukunft maache par Rapport zu dëser Diskussioun ze orientéieren.

Grenze vum Wuesstem, Bedeitung vun der Landesplanung an d’Finanzéiere vum Sozialsystem onofhängeg vum Wuesstem si weider Punkten, déi deene Gefroten um Häerz louchen.

De Leit weisen, datt Instrumenter eppes bréngen

Ma gutt Absichte sinn eng Saach, wéi awer wier d’Ëmfro aus gaangen, wann d’Leit konkret gefrot gi wieren, ob se bereet wieren, Verbueter oder méi héich Käschte fir den Ëmweltschutz ze droen?

"D‘Leit droe Moossname grondsätzlech, wa se den Impakt gesinn, an datt se weisen, voilà den Impakt, den Noweis vum Impakt ass ginn. An och deelweis ass dat bei der Erhéijung vun der CO2-Steier ënnert der ofgewielter Regierung gemaach ginn, awer net am néidegen Ausmooss."

Hei hätt och déi ofgewielte Regierung Feeler gemaach, betount d’Blanche Weber. Fir datt eng gewëssen Haltung och zur Akzeptanz vu praktesche Mesuren an zu konkretem handele féiert, missten d’Leit gesinn, datt dës Instrumenter an der Realitéit eppes bréngen. Dat wier och eng Fro vu Kommunikatioun.

Der nächster Regierung wëll een allefalls opweisen, datt déi noutwendeg Haltung an der Populatioun do ass. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt