search

/ No Demissioun vum Marc Baum aus der Jury: Datum fir d'Bünepräisser bleift

Eric Thill confirméiert

|
headphones

1 min

No Demissioun vum Marc Baum aus der Jury: Datum fir d'Bünepräisser bleift

Den DP-Kulturminister Eric Thill bleift bei der Decisioun fir d'Bünepräisser de 25. September am Mierscher Theater ze iwwerreechen. Dat confirméiert hien op Nofro hin no der Demissioun vum Politiker a Schauspiller Marc Baum aus dem Jury.

headphones

1 min

De Kulturminister Eric Thill | © Conseil de l’Europe/Abdesslam Mirdass
De Kulturminister Eric Thill (Foto: Conseil de l’Europe/Abdesslam Mirdass)

Den Deputéierte vun déi Lénk ass rezent aus der Jury ausgetrueden. Dat well hien d'Jurys-Aarbecht eegenen Aussoen no net an deem kuerzen Zäitraum adequat hätt kéinte maachen. Dem Marc Baum no hätt een d'Iwwerreechung misse verréckelen, fir datt d'Jury genuch Zäit gehat hätt all Stéck richteg anzeschätzen. 

Minister wëllt de Bilan zéien

De Kulturminister ass net der Meenung, datt et Organisatiounsproblemer ginn hätt. Hie wier awer wuel bereet no der Iwwerreechung vun de Bünepräisser de Bilan ze zéien, fir d'Schwieregkeeten am Dossier opzeschaffen. 

"Wuelwëssend, datt de Ministère an eiser Funktioun e Budget zur Verfügung stellt, an datt et d'Theaterfederatioun mat enger ganz engagéierter Ekipp ass, déi sech eeben ëm d'Ëmsetzung këmmert, déi mir domat beoptragen."

play_arrow Den Eric Thill

Den Eric Thill confirméiert iwwerdeems e Personalwiessel am zoustännegen Departement am Kulturministère. Fir hien hätt dëse Personalwiessel awer net zu Problemer an der Organisatioun vum Dossier fir d'Bünepräisser 2025 geféiert.