Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Komplexe System

Theaterkritik

Ee Komplexe System

Am Kapuzinertheater hat en Dënschden een neit Lëtzebuerger Theaterstéck Première. “Léa et la théorie des systèmes complexes”, woufir de Ian De Toffoli den Text geschriwwen, an d’Renelde Pierlot d’Mise en scène gemaach huet. D’Stéck dréit den Ënnertitel vun enger “conte écologiste”.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Jeannine Unsen

An dat ass se effektiv. Mat enger gelongener Mëschung aus Fiktioun an Dokumentartheater ginn hei zwou Geschichten erzielt, déi mat der Zäit ëmmer méi Parallellen opweisen, an zum Schluss anenee gräifen.

D’Geschicht vu Koch-Industries

Op der enger Säit si mer am 19. an 20. Joerhonnert. Hei geet et em eng Famillje –Saga vun engem Hollänner, deen an d’USA immigréiert war, an deem seng Nofollger een Imperium mat Ueleg-Geschäfter opgebaut hunn. Riets geet hei vun der Koch-Famill: De Chimie-Ingenieur Fred Chase Koch, deen hei vum Pitt Simon gespillt gëtt, hat nämlech déi alleréischt Pëtrolsraffinerie opgebaut.

Mat der Zäit gouf d’Firma Koch-Industries zu engem vun de gréissten Acteuren um weltwäite Pëtrols-Marché. Dat ass och den dokumentareschen Deel vum Theaterstéck. Déi Famill gouf a gëtt et wierklech, a Koch-Industries gehéiert den Ament zu den zweeträichste private Firmen aus den USA. Dobäi kritt een och nach virun d’Ae gefouert, datt d’Pëtrolsindustrie zum Deel net mat riets-konservativer a klimaschiedlecher Politik auserneen ze halen ass.

Op der Bün fannen déi siwe Schauspiller tëscht lauter metallene Réier, déi Ueleg-Pipelines duerstellen an d’Bünebild duerchkräizen hier Plaz. Lénks am Eck steet ee Piano, an hannendrun sinn nach weider Instrumenter verstoppt. Heiansdo zaubert de Museker Fred Hormain, deen och stänneg op der Bün, an an der gläicher Kleedung wéi d’Schauspiller ass, eng Gittar, ee Saxophon oder eng Flütt eraus.

Zréck an d’Géigewaart

D’Musek ass op alle Fall hei praktesch fir den zweeten Narrativ an ze lauden. Et gëtt Gesongen, an iwwert déi wäiss Hiemer mat de Bretells-Boxe ginn neon-faarweg Jacketten ugedoe. D’Luucht ass gro, an eng schwaarz Flëssegkeet gëtt un den Hannergrond projezéiert.

Mer sinn an der Géigewaart, an zu Lëtzebuerg ukomm, an et ass och hei wou een d’Léa kenne léiert. Si ass eng iwwerzeegte Klimaaktivistin, a wëll datt endlech méi sozial Gerechtegkeet an eng sérieux klimafrëndlech Politik gefouert gëtt. Bei hire Recherchë fënnt si raus, datt eng fett Amerikanesch Firma hei zu Lëtzebuerg vu Steiervirdeeler profitéiert huet. A wien ass déi Firma wuel? Koch Industries.

E System deen een net sou séier klimafrëndlech mécht

Esou kommen déi zwou Erzielunge beieneen un, an d’Léa realiséiert datt d’Finanze vum eegene Staat an der Uelegindustrie mat dran hänken. Ee komplexe System, aus deem een net esou einfach komme kann, an deen ee scho guer net esou séier klimafrëndlech mécht.

Dat bréngt d’Léa dann och zu enger gréisserer Aktioun. Ouni de Schluss ze verroden, kann ee soen, datt d’Projektioun vum Ueleg am Hannergrond verschwënnt, a vun engem Bild voller verwuesse Blummen ersat gëtt. D’Spotten op d’Acteure ginn aus, an och si gi vun dëser Planzecouche beliicht. D’Natur hëlt iwwerhand, an d’Mënsche verschwannen aus dem Bild.

Déi zwou Erziel-Schichte wiesselen sech ëmmer nees of, a mat deene puer Minutten an deenen am Stéck och gesonge gëtt, entsteet eng Dynamik, duerch déi ee vergësst, datt d’Theaterstéck zwou an eng hallef Stonn laang ass. D’Erzielung vun der Koch Famill aus dem leschte Joerhonnert ass éischter an enger humorvoller Stëmmung – heiansdo gëtt d’Flütt mat der Nues gespillt, e wäisse Stepps aus der Boxentäsch geworf, a sech méi chaotesch a witzeg beholl.

Fakte vermësche sech mat Fiktioun

An der Welt vum Léa dogéint ass alles méi eescht. An enger méi däischterer Luucht gëtt sech op d’Noutwendegkeet vum Widderstand bezunn, an och iwwer d’Formen an d’Nodeeler diskutéiert. Intressant ass, datt verschidde Charaktere wéi d’Léa ofwiesselend vun zwou Schauspillerinnen, der Jil Devresse a Léna Dalem Ikeda gespillt ginn.

Et mierkt ee schnell datt et hei net em eenzel Figuren, mee direkt em eng ganz Gesellschaft geet. D’Fakte vum Opbau vun der Pëtrolsindustrie vermëschen sech mat der Fiktioun vum Kampf dogéint, an et gëtt kloer datt d’Geschicht gutt an den aktuelle Kontext vun der Klimakris passt.

Ouni ee wëllen ze beléieren an dréche Fakten op ze zielen, ass “Léa et la théorie des systèmes complexes” een Theaterstéck, wat zugläich informativ an ënnerhalend ass, an een trotzdeem zum Nodenke bréngt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
Theater