Radioen

On air

Trendscheif  |  MJ Lenderman - Wristwatch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Bommenalarm zu Paräis: Sécherheetsperimeter gouf no enger Stonn nees opgehuewen

Beim Arc de Triomphe

No Bommenalarm zu Paräis: Sécherheetsperimeter gouf no enger Stonn nees opgehuewen

Gréisser Opreegung um Mëttwochmoien zu Paräis: Wéinst engem falsche Bommenalarm gouf den Arc de Triomphe evakuéiert.

auto_stories

1 min

© sahachat / Bigstock
Foto: sahachat / Bigstock

Wéi déi franséisch Medie mellen hat e Mann géint 11 Auer de Moie bei der Police ugeruff a gesot, hie géif sech beim Arc de Triomphe an d‘Luucht sprengen. 4 weidere Komplize géifen dat op anere Plazen och maachen.

Nodeems spezial Unitéite vun der Police d‘Plaz kontrolléiert haten, konnt de Sécherheetsperimeter no enger Stonn rëm opgehuewe ginn.