Geschriwwe vum Claire Barthelemy, vu London, fir den 100,7
Et ass ee gewéinlechen Dezember a Groussbritannien: D’Geschäftsstroosse si voller Leit, Chrëschtdagsmusek ass an all Geschäft ze héieren an an de Pubs treffe sech Aarbechtskolleege fir nach virun der Vakanz ee Patt mateneen ze drenken. Mee dëst Joer huet op ville Plazen eppes gefeelt: An zwar de Guinness. Et gouf nämlech ee Manktem um donkele Béier aus Irland, deen an de leschte Joren ëmmer méi populär ginn ass. DiAgeo, déi multinational Firma, där de Guinness an och vill aner Alkoholsmarke gehéieren, huet lo souguer missen an hir Reserven an Irland goen, fir genuch Fässer an Groussbritannien kënnen ze schécken.
'Split the G'-Challenge dreift de Konsum erop
De Stout Béier war soss ëmmer bekannt als d’Gedrénks vun den eelere Männer an de Rugby Fans, mee elo sinn ëmmer méi Fraen a Jonker op de Goût komm.
D’Sozial Medien hunn dem Guinness dobäi gehollef - an do huet een Trend eng grouss Roll gespillt. 'Split the G' heescht een Challenge, bei deem ee bei der éischter Schlupp Guinness genau souvill drénkt, datt d’Linn tëscht dem Schaum an dem Béier duerch de Buschtaf G um Glas geet. Dëst geet natierlech just mat Glieser, déi d’Mark och drop stoen hunn. Et soll ee sou oft probéieren, bis een et hikritt. Dat geet dann oft bont hir wéi an dësem TikTok-Video.
Do kritt een natierlech Loscht, et no ze maachen. Den Ed Sheeren huet den Challenge gemaach, an och den Nigel Farage, de brittesche Rietspopulist dee sech ëmmer gäre mat engem Béierglas filme léisst. E Bild vun der Influencerin Kim Kardashian mat engem Pint Guinness huet d‘lescht Joer d’Ronne gemaach, a well si ee ganzt Kamerateam dobäi hat gouf gemunkelt, datt et am Fong eng geplangte Reklamm war. Ëffentlech huet awer keen dat confirméiert. Der Kardashian hiert jongt Publikum war sou awer natierlech op de Béier opmierksam gemaach ginn.
Et gëtt méi Guinness gedronk, mee generell manner Alkohol
D’Vente vum Stout ass tëscht Juli an Oktober ronn 20 Prozent eropgaang, sou DiAgeo. Gläichzäiteg geet den Alkoholkonsum a Groussbritannie lo awer schonn zënter Joren erof, zemools bei Leit ënner 40 Joer. Dëst och, well d’Konsumenten sech de Risike méi bewosst sinn a lo och ëmmer méi alkoholfräie Béier drénken.
De Guinness ass trotz sengem Image ee vun deene méi liichte Béieren, well en huet mat 4.2 Prozent och manner Alkohol wei vill hell Béieren, och déi vu Lëtzebuerg.
Zu London huet een dëse Weekend vill voll Glieser gesinn. De Proprietär vum Old Coffee House zu Soho sot, si hätten e puer Deeg kee Guinness gehat, mee datt elo erëm alles an der Rei wier. Hien huet der e Freiden Nomëtteg jiddefalls een nom anere gezaapt.