35 Joer laang souz d’CDU a Rheinland-Pfalz an der Oppositioun. Elo wäerten d’Chrëschtdemokrate mat hirem Spëtzekandidat Gordon Schnieder wuel nees de Papp vum Land stellen.
FDP flitt aus dem Landtag raus
Dräi Prozentpunkten huet d’CDU a Rheinland-Pfalz zougeluecht a kënnt bei der Landtagswal op ronn 30,8 Prozent vun de Stëmmen. D’SPD kënnt, no iwwer dräi Joerzéngten un der Muecht, just nach op 26 Prozent.
D’Sozialdemokraten haten zulescht mam Bündnis90/Die Grünen an der liberaler FDP regéiert. Déi Gréng krute ronn 8 Prozent vun de Wielerstëmmen, wärend d’FDP aus dem Landtag zu Mainz erausflitt.
Dowéinst war um Walowend dann och scho séier kloer, wéi et weidergeet: De Gordon Schnieder wëllt mat der SPD an enger grousser Koalitioun regéieren. Déi aner rechneresch Méiglechkeet, mat der rietsextremer AfD, déi mat knapps 20 Prozent vun de Stëmme kloer drëttstäerkste Kraaft ass, ass fir hie keng Optioun.
SPD-Kandidat gesäit Ursaach an der Performance vun der Partei op Bundesebene
De Ministerpresident Alexander Schweitzer, deen d’Sozialdemokraten an de Walkampf gefouert hat, huet seng Defaite unerkannt. Dat wier en Deel vun der Demokratie.
D’Responsabilitéit fir d’Ofschneide gesäit den Alexander Schweitzer bei der Bundespartei an der Performance vun der SPD an der Bundesregierung. Kloer ass jiddefalls: No hirer Defaite a Rheinland-Pfalz stellt d’SPD elo just nach a 6 vun de 16 däitsche Bundeslänner de Ministerpresident.