Deemno koum d'CDU elo an de Sondagen op 29 Prozent an d'SPD op 27 Prozent.
Sollt d'CDU d'Wal fir sech entscheeden, da géifen déi Konservativ déi éischte Kéier zënter 35 Joer de Ministerpresident a Rheinland-Pfalz stellen. Dat géif dann de Spëtzekandidat vun der CDU, de Gordon Schmieder, ginn.
Dat wëll d'SPD mat hirem Spëtzekandidat an aktuelle Ministerpresident Alexander Schweitzer verhënneren.
FDP riskéiert aus weiderem Parlament ze fléien
Gespaant gëtt och op d‘Resultat gekuckt, dat d'FDP maache wäert.
An Ëmfroen huet et net dono ausgesinn, wéi wann déi Liberal iwwert d'5 Prozent-Barrière kéinte kommen. Deemno wieren si aus engem weidere Landtag eraus, wéi bei de leschte Walen a Baden-Württemberg och schonn.
Iwwerdeems hoffen déi Lénk, déi éischte Kéier zu Mainz kënnen dobäi ze sinn. Mat engem staarke Resultat vun der rietspopulistescher AFD gëtt awer och gerechent.