arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sachsen-Anhalt: AfD presidéiert fir d'éischte Kéier an der Geschicht e Landtag

Däitschland

|
reading time

1 min

Sachsen-Anhalt: AfD presidéiert fir d'éischte Kéier an der Geschicht e Landtag

Ee Mount no der Victoire vun der riets-extremer AfD a Sachsen-Anhalt ass de 35 Joer alen Tobias Rausch zum Landtagspresident vu Sachsen-Anhalt gewielt ginn. Et ass déi éischte Kéier an der däitscher Geschicht, datt d'AfD de President vun engem regionale Parlament stellt.

reading time

1 min

Tobias Rausch | © EPA/SEAN GALLUP / POOL
Tobias Rausch (Foto: EPA/SEAN GALLUP / POOL)

De Vott ass mat 48 Jo Stëmmen, 29 Nee-Stëmmen a fënnef Enthalungen ausgaangen. D'AfD huet 39 Stëmmen, a vun den anere Fraktiounen am Landtag hat just dat lénkt Bündnis Sarah Wagenknecht mat hire fënnef Deputéiert ugekënnegt, den Tobias Rausch wëllen ze ënnerstëtzen. 

Wou déi aner véier Stëmme beim geheime Vott hierkoumen, ass net gewosst. Déi konservativ CDU mat hire 15 Deputéiert hat hire Vertrieder gerode sech ze enthalen. De Sven Schulze, Nach-Regierungschef vu Sachsen-Anhalt, seet verschidde vun den CDU-Vertrieder hätten annoncéiert, datt si géife géint den AfD-Politiker Tobias Rausch stëmmen. Et hätt kee gesot, datt e géif mat Jo stëmmen. 

D'Wal zum Ministerpresident steet nach aus 

Wien neie Ministerpresident a Sachsen-Anhalt gëtt, steet awer fréistens am Dezember fest. Da wëll der AfD hire Spëtzekandidat Ulrich Siegmund sech zur Wal stellen.

Sollt d'AfD och an d'Regierung vu Sachsen-Anhalt kommen, wier dat eng weider Première fir Däitschland vun der Nokrichszäit: Zënter hir war keng riets-extrem Partei méi un der Muecht.

Den däitsche Verfassungsschutz huet d'AfD vu Sachsen-Anhalt als geséchert riets-extrem agestuuft.