arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walen a Rheinland-Pfalz: CDU läit virun der SPD déi staark Plomme léisst

Däitschland

|
reading time

2 min

Walen a Rheinland-Pfalz: CDU läit virun der SPD déi staark Plomme léisst

Éischten Héichrechnunge no läit d'CDU bei der Landtagswal a Rheinland-Pfalz virun der SPD, déi momentan nach de Ministerpresident stellt. Bei Ëmfroe virun der Wal huet et no enger enker Course tëschent der CDU an der SPD ausgesinn. Et schéngt elo esou wéi wann d'CDU déi Course däitlech gewonn hätt.

reading time

2 min

D'Landtagsgebai vu Rheinland-Pfalz zu Mainz | © picture alliance / Chris Emil Janßen
D'Landtagsgebai vu Rheinland-Pfalz zu Mainz (Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen)

Bal 31 Prozent vun de Walberechtegten hunn der Héichrechnung no fir d'CDU an domat fir de Gordon Schnieder als neie Ministerpresident a Rheinland-Pfalz gestëmmt. 

Dem amtéierende Ministerpresident Alexander Schweitzer seng SPD kéim nëmmen op 26 Prozent vun de Stëmmen a géif domat d'Ministerpresidentemandat verléieren. Domat huet d'SPD bal 10 Prozent manner Stëmme krit wéi nach bei der Landtagswal viru fënnef Joer. Et wier dat schlechtst Walresultat fir d'Sozialisten a Rheinland-Pfalz iwwerhaapt.

Et ass och elo scho kloer, datt d'Landesregierung wéi se elo besteet (SPD, Grüne, FDP) net méi wäert weider maache kënnen.

AfD drëttstäerkste Kraaft - FDP flitt aus dem Landtag

Mat ronn 20 Prozent vun de Stëmme gëtt déi rietspopulistesch Alternative für Deutschland (AfD) Drëtt bei der Landtagswal a Rheinland-Pfalz. Domat hu si hiert Resultat aus dem Joer 2021  bal verdräifacht. 

Déi Gréng verléiere bësse méi wéi ee Prozent par Rapport zu 2021 a leien domat bei 8 Prozent. Eng Ampel-Koalitioun ass a Rheinland-Pfalz awer eleng dofir schonn net méi méiglech, well d'FDP aus dem Landtag fléie wäert. Mat nëmmen 2,1 Prozent vun de Stëmme sinn déi Liberal ganz wäit dovu fort iwwer d'5-Prozent-Barrière ze kommen.

Och d'Freie Wähler packen et mat ronn 4 Prozent net méi an de Landtag.

Fir déi Lénk gëlt dat nämlecht. Déi stinn och bei ronn 4 Prozent vun de Stëmmen.

Deit alles op CDU-SPD-Regierung hin

Eleng scho well eng Ampelkoalitioun a Rheinland-Pfalz net méi méiglech ass an d'CDU, wéi d'SPD ausgeschloss hu mat der AfD ze koaléieren, deit alles dorop hinn, datt et zu enger schwaarz-rouder Landesregierung kënnt.