Am Verglach mat 2024 louch de Gewënn vum Konzern no Steieren d’lescht Joer bei 6,9 Milliarden Euro. Dat ware 44 Prozent manner wéi déi 12,4 Milliarden am Joer 2024.
Den Ëmsaz vum VW-Konzern ass 2025 ëm 0,8 Prozent zeréckgaangen, op knapp 322 Milliarden Euro.
Manner wéi 9 Millioune Gefierer ausgeliwwert
D’Zuel vun de Verkeef ass d’lescht Joer ënnert d’Grenz vun den néng Millioune gerutscht. Weltwäit huet de Konzern 8,98 Millioune Gefierer ausgeliwwert. Dat waren 0,5 Prozent manner wéi 2024.
An Europa huet de Konzern zougeluecht. Dat konnt d’Réckgäng a China an an Nordamerika awer net ausgläichen.
50.000 manner Plazen an Däitschland
VW hält u sengem Plang fest: Bis 2030 sollen am Konzern ronn 50.000 Aarbechtsplazen an Däitschland wechfalen.