arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net méi rentabel: "Lëtzebuerger Hollywood"-Studioe vu Kielen maachen hir Dieren zou

National

|
reading time

1 min

Net méi rentabel: "Lëtzebuerger Hollywood"-Studioe vu Kielen maachen hir Dieren zou

Fir déi Responsabel géif dat aktuellt wirtschaftlech Ëmfeld hinnen et net méi erlabe weider ze bestoen. Si maachen hir Dieren den 31. Juli zou, dat mellt RTL. An de leschten 12 Joer hu sechs Produktiounsgesellschaften hei am Land d'Studioen, déi och "Lëtzebuerger Hollywood" genannt ginn, geréiert.

reading time

1 min

Verschidde Produktiounsgesellschaften, ënner hinne Samsa Film an Tarantula Luxembourg, hunn d‘Kielener Filmstudioe Filmland an de leschte Jore geréiert. Mee et wier een net méi bereet dee Risiko ze droen, heescht et vun de Responsabelen. 

An de Filmstudioe goufen et Studioen, Produktiounsbüroen, Raim fir Spezialeffekter an Tounstudioen, an domat vill Méiglechkeete fir Tournagen an och d‘Postproduktioun.