arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schauspillerin Désirée Nosbusch kritt däitsche Jupiter-Éierepräis fir Liewenswierk

Film

|
reading time

1 min

Schauspillerin Désirée Nosbusch kritt däitsche Jupiter-Éierepräis fir Liewenswierk

D‘Désirée Nosbusch soll dee Präis iwwermuerr zu Hamburg iwwerreecht kréien. Dat huet „t-online“ gemellt. D‘Désirée Nosbusch hat an de leschte fënnef Jorzéngten Optrëtter am däitsche Fernseh, awer och an den USA an eben hei zu Lëtzebuerg.

reading time

1 min

Désirée Nosbusch | © EPA/CLEMENS BILAN
Désirée Nosbusch (Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

De Jupiter-Award gëtt zënter 1979 verginn. An de leschte Jore si beispillsweis den „Tatort“-Star Axel Milberg, Iris Berben, Senta Berger, Mario Adorf oder och den Thomas Gottschalk ausgezeechent ginn.