Neien Tableau vum Rembrandt aus dem Joer 1633 zu Amsterdam opgetaucht
Chercheure vum Rijksmuseum zu Amsterdam hunn deen Tableau aus dem Joer 1633 vum hollännesche Moler elo konnten authentifizéieren. E staamt aus enger privater Sammlung, a bis elo war net gewosst, datt e vum Rembrandt staamt.
De Prioprietär huet sech beim Musée gemellt, fir datt si e géife mat den neien Technicken ënnersichen.
Zwee Joer laang hunn déi Recherche gedauert. Den Tableau, mam Titel „Visioun vum Zacharias am Tempel“, gëtt elo am Rijksmusée zu Amsterdam vun iwwermuer un ausgestallt.