Am Ufank vu senger Karriär huet hien an diverse Lëtzebuerger Filmer matgespillt – ewéi “Troublemaker” vun 1988 oder “Hochzäitsnuecht” vun 1992.
De Patrick Hastert war spéider och a ville Lëtzebuerger Koproduktiounen ze gesinn, ënner anerem am Film “Shadow of the Vampire” vun 2000 mam John Malkovic a William Dafoe, “The Point Men” vun 2001, an deem och de Christopher Lambert matgespillt huet.
De Verstuerwenen hat och Apparitiounen ënner anerem a Filmer mam Jean-Pierre Cassel, dem Udo Kier oder dem Philippe Noiret.