arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Oulu a Finnland an Trencin an der Slowakei sinn d'Kulturhaaptstied vun dësem Joer

Kultur

|
headphones

1 min

Oulu a Finnland an Trencin an der Slowakei sinn d'Kulturhaaptstied vun dësem Joer

Haut geet et offiziell mat engem groussen Ouverturesfestival zu Oulu a Finnland lass. Deen zitt sech iwwer de ganze Weekend. Ënner anerem ass ee Concert mat Äisinstrumenter geplangt, grad wéi een Äishockeyspill an eng Oper iwwer d'Liewe vum Vollek vun de Samen.

headphones

1 min

© EPA/KIMMO BRANDT
(Foto: EPA/KIMMO BRANDT)

D‘Stad Oulu steet eemol am Joer am Mëttelpunkt vum internationalen Interessen, et ass nämlech och do, wou ëmmer d‘Weltmeeschterschaft an der Loftgittar organiséiert gëtt.

Nieft Oulu ass dëst Joer och d‘Stad Trencin an der Slowakei mat Europäesch Kulturhaaptstad.