arrow_back_ios

article

article

/ Keng "Maueren a pickegen Drot", mee méi psychologesche Support fir mannerjäreg Täter

OKAJU

|
headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

Keng "Maueren a pickegen Drot", mee méi psychologesche Support fir mannerjäreg Täter

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fuerdert e Verbuet, fir Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong ze placéieren. Dobäi leet hien den Accent och op de psychologeschen Encadrement vun de jonken Täter:innen. Kritiséieren deet de Charel Schmit iwwerdeems d'Police.

headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow
De Charel Schmit | © Jo Diseviscourt
De Charel Schmit (Foto: Jo Diseviscourt)

Rezent huet eng Messerattack vun engem 14 Joer jonke Meedchen op eng Matschülerin fir Opreegung gesuergt. D’Täterin koum doropshin awer op Schraasseg an den Erwuesseneprisong, well an der Unité Fermée pour Mineurs (UNISEC) keng Plaz méi ass.

Reforme mussen hier

Dëst ass eng Problematik, déi net nei ass. Dofir hunn de Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, an d’Ombudsman Claudine Konsbrück et fir néideg empfonnt, sech nees zu Wuert ze mellen, an Drock op déi politesch Verantwortlech ze maachen, erkläert de Charel Schmit am 100,7-Interview.

Et mussen Alternativen hier, seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Dat gëllt virun allem fir de gesetzleche Plang. Hei bréicht et eng Reform fir eng "propper Strofprozessuerdnung mat educativem Gedanken" op d’Been ze stellen, an d’Palette vu spezifeschen Ariichtunge mat psychologeschem Support ze erweideren, mengt de Charel Schmit.

Aus dem rezenten Tëschefall misst ee seng Léieren zéien.

Eng negativ Entwécklung

Zënter Januar si véier Mineuren am Erwuesseneprisong placéiert. D’lescht Joer waren et der insgesamt 26, dorënner zwee schwanger mannerjäreg Meedercher. Hie wier am Kontakt mat all de Betraffenen, seet de Charel Schmit, a mécht reegelméisseg Visitten.

Am Verglach zu 2024 koumen 2025 véiermol méi Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong. Eng Entwécklung, déi op kee Fall esou virugoen dierf, warnt de Charel Schmit.

"Eng onwürdeg Situatioun fir Jugendlecher”

Fir déi Jonk wier de Placement am Erwuesseneprisong ganz sécher keng gutt Alternativ.

“Dat ass keng gutt Ënnerbréngung. Eng onwürdeg Situatioun fir Jugendlecher.”

Wann ee mat beispillsweis 11 Joer am Erwuesseneprisong lant, da wier dat "denkbar onglécklech". Nach méi trëfft dat op Meedercher am Fraeprisong zou. Déi misste quasi permanent an hirer Zell bleiwen, well vill Erwuessener am Prisong circuléieren. D’Haft kéim deemno enger Isolatiounshaft no.

“Dat geet géint quasi alleguer d’Recommandatiounen, déi mir kennen.”

Fokus läit um psychologeschen Encadrement

E Punkt, deen dem Ombudsman um Häerz läit, ass de psychologesche Support fir déi jonk Stroftäter:innen. Et bréicht ee keng extra Unitéit virzegesinn, mee den Encadrement vun de Mannerjärege misst deementspriechend ugepasst ginn.

Konkreet geet et ëm déi ambulant psychiatresch Versuergung, déi erweidert misst ginn. Dofir brauch et natierlech och genuch qualifizéiert Personal. De Charel Schmit weist drop hin, datt d’uni.lu eng deementspriechend Formatioun en place gesat huet. Déi Efforte misste virugedriwwe ginn.

Och d’Gesetzgebung vu Kanner- a Jugend-Psychotherapeute misst adaptéiert ginn, well den Accès an dee Beräich aktuell onnéideg erschwéiert géif ginn, mengt de Charel Schmit.

Hie bemierkt och, datt et aktuell 71 stationär Better fir Jugendlecher ginn, déi a psychiatrescher Behandlung sinn. Dat entsprécht 10 Prozent vun der Gesamtcapacitéit. Dobäi representéieren déi Jugendlech awer 20 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung.

Kritik u Policeinterventiounen an de Schoulen

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher huet awer och nach "Mal-pratiquë" vun der Police hirer Säit adresséiert. Hir Interventioune bei Kanner a Jugendlecher wieren demesuréiert. "Dat ass eng Form vun institutioneller Gewalt", seet de Charel Schmit.

“Et muss een net mat der Police wärend dem Schoulalldag d’Kanner an e Foyer bréngen, ouni datt d’Kand Zäit huet sech ze verabschiden.”

Hien hätt eng Rei Temoignagë kritt, déi een "ophorche loossen", betount de Charel Schmit. Et wier also un der Zäit, an deem Punkt ze sensibiliséieren.

“Et geet ëmmer nach ëm Kanner hei, och wann een eppes Schlëmmes gemaach huet. Mir musse verhältnesméisseg domadder ëmgoen.”

"Verhältnesméisseg" ass wuel dat Stéchwuert, dat et op de Punkt bréngt. Et géing nämlech näischt bréngen, just "Maueren a pickegen Drot" opzeriichten, esou nach de Charel Schmit.

play_arrow Lauschteren