Radioen

On air

Moiesstudio  |  Physik einfach erkläert op Tiktok - geet dat?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Police um Waasser: Neit Boot Golf 70 ass op der Musel am Asaz

Neit Policeboot

D'Police um Waasser: Neit Boot Golf 70 ass op der Musel am Asaz

D'Police ass zu Lëtzebuerg net nëmmen op de Stroossen ënnerwee, mee zënter e puer Méint och op der Musel. Ufank vum Summer gouf dat neit Boot vun der Police op der Musel ageweit. Golf 70 soll ënner anerem fir méi Sécherheet bei gréisseren Evenementer suergen an d’Kontroll vu Privatbooter intensivéieren.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Vu Waasserbëlleg bis op Schengen wier déi ganz Musel ofgedeckt. Dotëscht leien zwou Schleisen an de Wee dauert ongeféier eng Stonn, erkläert de Kapitän a Chef vun der Police de route vu Gréiwemaacher Mike Greisch.

Hien erklärt datt d'Boot mam Numm Golf 70 op 70 Kilometer Vitess an der Stonn kënnt. Mat sengem 200 PS-Motor wier et gutt equipéiert fir déi séier Beweegungen um Waasser. Am Noutfall gëtt d'Sireen ugemaach.

Neit a bessert Equipement

Dacks gëtt mat den Taucher zesummen de Gronn ofgesicht, an Zesummenhang mat Verbriechen zum Beispill.

„An der Vergaangenheet hu mer vill Autoen entdeckt, déi scho säit Joren am Waasser louchen. Déi ni e Mënsch interesséiert hunn.“

130.000 Euro huet dat neit Boot kascht, dat komplett aus Aluminium gebaut ass. D'Beamten, hunn hir Formatioun gréisstendeels bei der däitscher Wasserschutzpolizei gemaach hunn. Fir si bitt dat 7 Meter laangt Boot all technesch Viraussetzungen, fir séier a flexibel ze agéieren. Den techneschen Ënnerscheed par Rapport zum ale Boot: eng zoue Kabinn mat Heizung an och neit technescht. Equipement. Dorënner een Apparat mat klassescher Navigatioun drop, an en Echolot, fir de Buedem ze ënnersichen. 

Um neie Boot gëtt et ënner anerem en Echolot, fir de Buedem ze ënnersichen | © Morgane Weidig
Um neie Boot gëtt et ënner anerem en Echolot, fir de Buedem ze ënnersichen (Foto: Morgane Weidig)

Grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht 

Zenter Juni sinn d'Polizisten mat hirem neie Boot op der Musel ënnerwee. Eng idyllesch Aarbechtsplaz op rouegen Deeg. D'Musel glitzert beim Interview un dësem liicht lëftegen Hierschtdag. Mat um Boot ass haut och d’Anne-Lyse Dick, déi zënter dem 1. Juli am Amt ass. Déi nei Regionaldirektesch vun der Regioun Centre Est erkläert, datt präventiv Missiounen haaptsächlech dofir do sinn, Staatsvisitten ze begleeden. Bei repressive Missioune geet et haaptsächlech dorëms, ze kontrolléieren. Privatbooter oder Jetskien zum Beispill.

D‘Anne-Lyse Dick ënnersträicht d'Bedeitung vun der grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht mat Däitschland, besonnesch bei de Missiounen, déi net déi grouss Schëffer betreffen. Och d'Leit dobausse géifen dës Zesummenaarbecht schätzen, seet de Mike Greisch.

„Engersäits bei enger Manifestatioun wou mer Stroossen zesumme spären. Déi eng déi eng Säit déi aner déi aner Säit. Awer och hu mer och scho Patrullen zesumme mat den däitschen Autoritéiten duerchgefouert. An dat kennt ganz gutt u bei de Leit dobaussen.“

De Kapitän Mike Greisch an Regionaldirektesch vun der Regioun Centre Est, Anne-Lyse Dick | © Morgane Weidig
De Kapitän Mike Greisch an Regionaldirektesch vun der Regioun Centre Est, Anne-Lyse Dick (Foto: Morgane Weidig)

Idyllesch Aarbechtsatmosphär vun der Musel

Den Ënnerscheed tëscht der Aarbecht op der Strooss an um Waasser wier net esou grouss, erkläert de Mike Greisch. De gréissten Ënnerscheed ass d'Fueren: "E Schëff a keen Auto– bremsen a Beschleunegen ass net sou einfach." Positiv wier och, datt d'Leit, déi kontrolléiert ginn, sech meeschtens an hirer Fräizäit befannen.

„Déi sinn anescht drop wéi een, deen de Moies gestresst op d'Aarbecht fiert. Déi Atmosphär ass méi locker.“

D'Beamten hoffen, datt d'Boot genee sou laang hält wéi säi Virgänger. Tëscht 15 a 18 Joer. Fir d'Beamte selwer ass et d'Kombinatioun vu Sécherheet an der Schéinheet vun der Landschaft, déi hir Aarbecht um Waasser sou besonnesch mécht. De Kapitän Mike Greisch genéisst déi idyllesch Wäibierger, déi sech laanscht de Floss zéien.

Reportage lauschterenplay_arrow