Radioen

On air

9 bis 1  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech Consultatioun iwwer de Pensiounssystem gouf ausgewäert

Geplangte Pensiounsreform

Ëffentlech Consultatioun iwwer de Pensiounssystem gouf ausgewäert

Tëscht dem 4. Oktober an dem 2. Dezember hunn d’Participanten 2.000 Bäiträg online agereecht. Organisatiounen déi sech mat de Froe vum Pensiounssystem befaasse konnte parallel un 13 Reuniounen Deel huelen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Suen Geldstécker Euro | © Bigstock / weyo play_arrow
Foto: Bigstock / weyo

An der Analys déi d’Entreprise-Berodungsgesellschaft SNAKKE realiséiert huet, ginn d’Online Bäiträg a 9 Thematike resuméiert. Dëst soll d’Basis si fir eng weider Consultatiounsphas, déi am Februar lass geet.

An der Analys vun deene Contributiounen zu de Pensiounen, déi iwwert Internet agereecht goufen, geet net ervir wéi al déi Persoune waren, an a wéi engem Mooss och eeler Matbierger:innen, oder Leit mat limitéierte Sproochen an Informatikskenntnisser hir Meenung dozou konnte liwweren. Och wann déi duerch Organisatioune vertruede waren.

Vu Pensiounsdeckelung bis alternativ Finanzéiereungen

An der Analys vum Grupp SNAKKE, déi déi 2.000 Bäiträg ënnert d’Lupp geholl hunn, goufen 9 grouss Thematiken opgelëscht. Déi meeschte Propositioune concernéieren d’Héicht vun de Pensiounen. Engersäits gëtt virgeschloen d’Mindestpensioun eropzesetzen, an do läit d’Fourchette tëscht 2.500 an 3.000 Euro. Op där anerer Säit gëtt proposéiert d’Pensiounen ze deckelen, op ee Maximum deen tëscht 5.000 a 7.000 Euro läit.

D’Regierung ass der Meenung, datt de Pensiounssystem laangfristeg net ka finanzéiert ginn, wann näischt geännert gëtt. An deem Beräich hunn déi déi bei "Schwätz mat" participéiert hunn och d’Fro vun der alternativer Finanzéierung opgeworf, déi kënnt op déi zweete Plaz. Nieft de klassesche Cotisatioune gëtt proposéiert, fiskal Recetten ze notzen, oder de Patrimoine an d’Kapital ze besteieren, voir eng Steier op d’Roboter ze erhiewen. Dat heescht déi Revenuen ze besteieren déi net vum Mënsch generéiert ginn, mee duerch d’Automatiséierung vun de Produktiounsverfahren.

Erhéijung vum Pensiounsalter gëtt verworf

Déi drëtt heefegst Thematik déi bei der Online-Consultatioun ugeschnidde gëtt ass déi vum Pensiounsalter. An do gëtt drop insistéiert fir ee flexible Modell ze proposéieren, deen engersäits d'Penibilitéit vun der Aarbecht berécksiichtegt, deen awer och de Prinzip vun de 40 Joer Cotisatiounen héich hält. Eng generell Erhéijung vum Pensiounsalter gëtt awer verworf.

Zu de Cotisatioune ginn et och Opriff fir déi op Revenuen z’erhiewen déi net onbedéngt vum Salaire ofhänken, an et soll een den aktuellen Deckel vun den Cotisatiounen (maximal 5 mol de Mindestloun) ganz ewech loossen.

Da gëtt och eng Harmoniséierung vun de Pensiounssystemer gefuerdert, tëscht privatem an ëffentleche Secteur. Schlussendlech proposéieren d’Participanten, datt ee privat Altersversécherunge fërdert andeems ee se méi ewéi bis elo ka steierlech ofsetzen.

Lauschterenplay_arrow