arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Gesetz soll Jonke verbidde mat E-Trotinetten op de Stroossen ze fueren

Griichenland

|
reading time

1 min

Neit Gesetz soll Jonke verbidde mat E-Trotinetten op de Stroossen ze fueren

De griichesche Verkéiersminister wëllt een Projet am Parlament deponéieren, dee jonke Leit d'Fuere mat E-Scooteren op der Strooss verbitt. Dat huet hie gëschter annonceiert.

reading time

1 min

E-Scooter | © EPA/RONALD WITTEK
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Vill Mannerjäreger géife mat den elektreschen Trottinette fueren ewéi an engem Videospill, esou dem Minister seng Analys.

Well et bis elo weder der Gesellschaft, nach de Familljen oder dem Staat gelonge wier, déi Jonk genuch ze sensibiliséieren, misst elo gehandelt ginn.

Virun allem och well d‘Zuel vun den Accidenter mat E-Scooter a leschter Zäit staark geklommen ass.