arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Portugal goufen zwee Kanner aus Frankräich fonnt, déi wuel ausgesat gi sinn

International

|
reading time

1 min

A Portugal goufen zwee Kanner aus Frankräich fonnt, déi wuel ausgesat gi sinn

A Frankräich an a Portugal gëtt aktiv no der 41 Joer aler Fra gesicht, déi verdächtegt gëtt, hir zwee kleng Jongen a Portugal ausgesat ze hunn. D‘Jonge vun dräi a fënnef Joer goufen eleng a mat verbonnenen Aen um Bord vun enger Strooss am Süde vu Portugal fonnt.

reading time

1 min

© picture alliance / imageBROKER | FELLOW
(Foto: picture alliance / imageBROKER | FELLOW)

D‘Mamm, déi zu Colmar, am Alsace gewunnt huet, war zënter enger gudder Woch, mat de Kanner, verschwonn. Et gëtt ugeholl, datt si mat hirem neie Partner ënnerwee ass.

De Papp vun de Kanner wier um Wee a Portugal fir se ofzehuelen. A Frankräich gouf eng Enquête géint d‘Mamm wéinst „délaissement de mineurs“ opgemaach.