Déi zwou Entreprise wieren eenzeg an eleng responsabel fir de Crash. Si hunn déi maximal Strof vun all Kéier 225.000 Euro kritt.
An éischter Instanz waren Air France an Airbus fräigesprach ginn.
D‘Maschin vun Air France war um Wee vu Brasilien op Paräis iwwer dem Atlantik an eng Wiederfront geroden a vun de Radare verschwonn. D‘Sonde ware veräist an d‘Pilote wieren net op sou eng Situatioun preparéiert gewiescht, esou d‘Urteel.