arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opreegung wéinst Video vun Humiliatioun vun Aktivisten duerch israeelesche Minister

Gaza-Flotilla

|
reading time

1 min

Opreegung wéinst Video vun Humiliatioun vun Aktivisten duerch israeelesche Minister

E Video, deen de rietsextreemen israeelesche Policeminister gepost huet, suergt fir Opreegung. Op deem Video ass ze gesinn, wéi Aktivisten, déi op der internationaler Hëllefsflotilla waren, humiliéiert ginn.

reading time

1 min

© EPA/ABIR SULTAN
(Foto: EPA/ABIR SULTAN)

D'Aktiviste vun der Hëllesflotilla sinn um Video gefesselt a knéien um Buedem, wärend de Policeminister Ben-Gvir zesumme mat senge Supportere mat israeelesche Fändelen tëschent den Aktivisten erduerch geet an de Geck mat hinne mécht. 

Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar huet sech op X vu sengem Ministerkolleeg distanzéiert. Och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet op dee Video reagéiert an op X geschriwwen, dat géif net de Wäerter an Norme vun Israel entspriechen. Hien hätt den Uerder gi fir déi Aktivisten esou séier wéi méiglech auszeweisen. 

Italien, grad ewéi Frankräich, hunn elo scho reagéiert an de Video schaarf verurteelt, an den israeeleschen Ambassadeur zu Roum respektiv zu Paräis covoquéiert.