De Comité d'urgence vun der WHO ass haut zesummekomm wéinst der Ebola-Epidemie an der Demokratescher Republik Kongo. De Chef vun der WHO warnt virum Ausmooss an dem schnelle Ausbreede vun der Ebola-Epidemie. D'WHO geet net dovun aus, datt déi an zwee Méint eriwwer wier. Déi virëscht Ebola-Epidemie hat zwee Joer laang gedauert.
An der Demokratescher Republik Kongo sinn offiziellen Zuelen no bis ewell 131 Persounen um Ebola-Virus gestuerwen. Weider 513 verdächteg Fäll géifen et ginn, huet de Gesondheetsministère hënt gemellt.
D'Gesondheets-Agence vun der afrikanescher Unioun huet gëschter Owend wéinst dem Virus de Gesondheets-Noutstand fir dee ganze Kontinent ausgeruff.