D'Virgoe vun Israel an der Gazasträif géif géint dat internationaalt Recht verstoussen an a ville Fäll géife sech Krichsverbriechen an aner Atrocitéite weisen. Israel géif iwwerdeems Attacken op zivil Ziler, grad ewéi op Kliniken an aner medezinnesch Strukturen duerchféieren, heescht et nach am Rapport.
Op eng systematesch Manéier géifen och Journalisten, humanitär Aarbechter a Poliziste vun Israel attackéiert ginn.
Aus dem Rapport vun der UNO geet och ervir, datt Israel an de besate Gebidder a Palästina no engem Muster virgeet, fir d'Bevëlkerung sur place ze verdreiwen.
De Rapport viséiert d'Period vun der Terrorattack vun der Hamas de 7. Oktober 2023 bis an de Mee zejoert. Weider verurteelt de Rapport grav Verstéiss vun arméierte palästinensesche Gruppe wärend an nom 7. Oktober.