arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israeelesch Marinn huet Lëtzebuerger Resident vun der Global Sumud Flotilla matgeholl

Hëllefsflotilla

|
reading time

1 min

Israeelesch Marinn huet Lëtzebuerger Resident vun der Global Sumud Flotilla matgeholl

De Lëtzebuerger Resident Abdessamahd Taqui war op engem Boot vun der internationaler Gaza-Hëllefsflott, dat mat bal 50 anere virun Zypern vun der israeelescher Marinn interceptéiert gouf. Dat soten déi Responsabel vun der Lëtzebuerger Sektioun vun der Flotilla.

reading time

1 min

Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien | © EPA/MOHAMED MESSARA
Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien (Foto: EPA/MOHAMED MESSARA)

Eng Lëtzebuerger Residente wier op engem anere Schëff fir d'Flotilla ënnerwee. Dat Schëff wier nach net ofgefaange ginn, esou de Patrick Bosch, de President vun der asbl Global Movement to Gaza. 

"Dernière nouvelle: était toujours en route, et qui est à peu près au devant de la course, donc un peu plus loin des interceptions qui se passent à l'arrière de la flottille. Elisabeth est toujours sur le bateau." 

Den Abdessamahd Taqui wier elo op engem israeelesche Boot. 

"Il semble ne pas avoir utilisé un bateau cargo comme la dernière fois, mais plutôt des bateaux militaires, un type de frégate militaire transformé en bateau prisonnier."

D‘Booter vun der internationaler Gaza-Hëllefsflott sinn d‘lescht Woch vun der Tierkei aus gestart. Et ass deen drëtte Versuch bannent engem Joer fir duerch d‘israeelesch Blockad vu Gaza ze kommen. Déi lescht Flotilla war Enn leschte Mount an den internationale Gewässer viru Griichenland interceptéiert ginn.

Text vum Luca Di Santolo