Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Neien nationalen Zenter fir all Affer vu Gewalt

Ouverture vum CNVV

Neien nationalen Zenter fir all Affer vu Gewalt

Den neie Centre national pour victimes de violence funktionéiert vu muer un. Dat hu Vertrieder vun der Regierung a vum Roude Kräiz haut ugekënnegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Yuriko Backes (Archiv) | © MMTP play_arrow
Yuriko Backes (Archiv) (Foto: MMTP)

D’Opmaache vun engem Zenter fir all Affer vu Gewalt zu Lëtzebuerg wier een “historesche Moment”, esou d’Gläichstellungsministerin Yuriko Backes (DP).

Yuriko Backes: Gewalt ass traureg Realitéit

Eleng 1.000 Fäll vun haislecher Gewalt wieren d’lescht Joer bei der Police gemellt ginn. Eng “traureg Realitéit”, géint déi een eppes misst ënnerhuelen, esou d’Yuriko Backes.

“Gewalt gëtt et iwwerall, och zu Lëtzebuerg. Et ass eng Realitéit vu ganz ville Fraen, och Männer a Kanner. An et kann iwwerall geschéien, ob dat doheem ass, an der Schoul, op der Strooss, moies fréi, owes spéit. Et ass einfach eng Tatsaach.”

Fir d’Regierung wier dat näischt, bei deem een d’Ae kéint zoumaachen, esou d’Ministerin.

Den Zenter ass all Dag op

Den neien Zenter, net wäit vun der Stäreplaz an der Stad ewech, gëtt vum Roude Kräiz geréiert.

Den Zenter fir Affer vu Gewalt ass all Dag zu bestëmmten Auerzäiten op: 

Méindeg bis Donneschdeg: 17:00 - 00:00 Auer 

Freideg: 18:00 - 02:00 Auer 

Samschdeg: 10:00 - 02:00 Auer 

Sonndeg: 10:00 - 00:00  Auer

E bitt och Hëllef bei juristesche Prozeduren.

De Minister Claude Meisch (DP) begréisst, datt den neien nationalen Zenter och Kanner a Jugendlecher mat abezitt.

“Virun allem an Absence vun enger Struktur, déi spezifesch dediéiert ass fir Jonker, eeben och hei d'Dier op ass an dësem nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt, fir Mannerjäreger, fir Kanner, fir Jonker och hei kënnen opzehuelen an se esou ze begleeden an deenen ënnerschiddlechen Aspekter vun deem, wat dee Moment usteet, déi gesondheetlech Aspekter, Schutz vu sech selwer, Schutz viru weiderer Gewalt.”

Et soll méiglech sinn, datt d’Police an Affekoten an den Zenter kënne goen.

Méi Informatiounen iwwer den neien Zenter fënnt een op violence.lu.

Lauschterenplay_arrow