Radioen

On air

Moiesstudio  |  Malik Djoudi - Viens On Prend Le temps

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien LU-Alert System mat geolokaliséierten SMSen

Inneministère

Neien LU-Alert System mat geolokaliséierten SMSen

An Zukunft soll d’Lëtzebuerger Bevëlkerung méi séier a méi kloer viru méigleche Katastrophe gewarnt ginn. Den neie LU-Alert System, deen um Donneschdegmoie vum Inneminister Léon Gloden presentéiert gouf, schéckt Warnungen iwwer en neie System vu geolokaliséierten SMSen, iwwert eng Applikatioun an iwwer Cell Broadcast.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

LU Alerte | © Jo Diseviscourt play_arrow

Dat ass eng Technologie, mat där Noriichten direkt un all Handy an enger bestëmmter Géigend geschéckt ginn. 

Dës Warnung wäert a Situatiounen agesat ginn, wou eng akut Gefor besteet, erkläert de Pol Henrotte vun der Securité civile. Allerdéngs dierft den Handy net ze al sinn, fir datt et funktionéiert. De Betribssystem bei Apple muss minimum um IOS17.4 sinn a bei Android d'Versioun 11. Wat den neie geolokaliséierten SMS System ugeet, kéint een d’Informatioune méi präzis verschécken.

„Zum Beispill am Fall vun engem Groussbrand um Briddel kann eng SMS geziilt un all d’Leit geschéckt ginn, déi sech an deem Ëmkrees befannen.“

De System géif net méi just fir Alerte benotzt ginn: Iwwer d’Applikatioun kéint ee personaliséiert Informatioune kréien. Et soll ee sech Plazen an Adresse konfiguréiere kënnen, fir déi ee Messagë wëllt kréien, erkläert d‘Christine Bastian vun der Securité Civile.

Verschidde Faarwe weisen de Gravitéitsniveau vun der Alerte un. Esou géif eng universell verständlech Sprooch benotzt ginn, erkläert de Pol Henrotte vun der Securité civile.

„Eng giel Warnung steet fir e klenge Risiko, eng orange fir e méi grousse Risiko an eng rout fir e grousse Risiko.“

Acteure selwer fir d‘Alerten zoustänneg

Déi verschidde staatlech Acteuren, wéi Police, MeteoLux oder CGDIS, decidéiere selwer, wéini si eng Alerte erausschécken a si responsabel fir dee Message. Dat misst awer net ëmmer heeschen, datt eng Krisecellule aberuff gëtt, esou den Inneminister.

Wat d’Koordinatioun ugeet, hätt een an de leschten zwee Joer vill geléiert, erkläert den Alain Becker, Direkter vun der Securité Civile.

Zënter 2021 gëtt sech vill méi am Virfeld mateneen ofgeschwat an evaluéiert. An de Volet vun der Kommunikatioun ass wichteg, an och datt ënnert den eenzele Verwaltunge gekuckt gëtt, wéi soll gewarnt ginn.

Vum 25. Oktober u gëtt de System eng ganz Woch laang getest. Fir déi Leit déi net op dës modern Technologien zeréck gräife kënne wäerten déi klassesch Methoden, wéi d’Medien an d’Police wichteg bleiwen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft