D’Gewerkschaften LCGB an OGBL hate jo der Ministesch ënnerstallt, si géif d’Ophiewe vum Plafonnement vun de Pensioun elo schonn ausschléissen, obwuel d‘Concertatioune réischt ugefaangen hunn. D’Ministesch betount, dass d‘Phase de Concertatioun nach bis Dezember geet, an dass d’Regierung réischt duerno e Kader géif setze fir d’Diskussiounen iwwert eng méiglech Reform weider ze féieren.
An der selwechter Chamberskommissioun ass iwwerdeems den CSV-Deputéierte Marc Spautz neie President gewielt ginn – hien iwwerhëlt dat Mandat vum verstuerwene Max Hengel.