Radioen

On air

9 bis 1  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesfro: Piraten, CSV an DP géife verléieren – LSAP, déi gréng an ADR gewannen

Wann e Sonndeg géif gewielt ginn ...

Sonndesfro: Piraten, CSV an DP géife verléieren – LSAP, déi gréng an ADR gewannen

Wann e Sonndeg géif gewielt ginn, wier d‘Piratepartei de grousse Verléierer. D‘Regierungsparteien CSV an DP géifen all béid ee Sëtz verléieren, an d‘Oppositiounsparteie LSAP, déi gréng an ADR géife bäigewannen. Dat geet aus der neier Sonndesfro ervir, engem Sondage, deen d‘Ilres fir RTL an d‘Wort gemaach huet.

auto_stories

1 min

D‘Pirate géifen deemno hir dräi Sëtz verléieren, déi si bei de Walen zejoert kruten, an hätte keen Deputéierte méi. Si hunn der elo nëmmen nach zwee, nodeems de Ben Polidori bei d‘LSAP gewiesselt ass.

Déi zwou Regierungsparteie CSV an DP géifen alle béid ee Sëtz verléieren. D‘CSV hätt der dann nach 20, an d‘DP nach 13. Op 13 Sëtz kéim och d‘LSAP: Ee Plus vun 2 par rapport zu de leschte Walen.

Och déi gréng géifen 2 Sëtz méi wéi virun engem Joer kréien, a mat 6 Mandater nees d‘Fraktiounsstäerkt erreechen. D‘ADR géif ee Sëtz bäikréien an op 6 Sëtz kommen. An déi Lénk géife bei hiren 2 Sëtz bleiwen.

Dëse Sondage gouf an der leschter September-Woch gemaach. Eng 1.870 Leit waren iwwert Telefon an Online befrot ginn.