Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheetsministère: Enkpäss bei 250 Medikamenter

Santé

Gesondheetsministère: Enkpäss bei 250 Medikamenter

Nom Apdikte-Syndicat schwätzt och de Gesondheetsministère vun engem Enkpass bei verschiddene Medikamenter dësen Hierscht.

auto_stories

1 min

D’Anna Chioti, Chef de Division vun den Apdikten an Dokteren hei zu Lëtzebuerg, sot, datt dorënner vill verschidde Medikamenter fale géifen, wat den Traitement vun enger grousser Bandbreet un Krankheeten erschwéiert. 

"Au Luxembourg, on compte actuellement plus de 250 médicaments qui sont soit en tension d’approvisionnement ou carrément en rupture, donc non disponible." 

Genee wéi den Apdikte-Syndikat sot si, datt Lëtzebuerg am europäesche Verglach awer nach relativ gutt opgestallt wier.

An Däitschland sinn de Moment iwwer 500 Zorte Medikamenter net disponibel. Iwwerdeems wiere Pharmaproduzente per Gesetz dozou verflicht, op d'mannst 2 Méint am Viraus Bescheed ze soen, wa sech een Enkpass fir e Medikament ukënnegt. Deemno kéint een dann Zäitno plangen, wéi een dës Penurie um Terrain ausgläiche kann, sou d'Dr. Anna Chioti.