arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Baum: "Ech hoffen, datt d'Ministerin eege Virstellungen huet"

Diskussioun ëm d'Pensiounsreform

|
reading time

1 min

Marc Baum: "Ech hoffen, datt d'Ministerin eege Virstellungen huet"

Den Deputéierte vun déi Lénk hofft, datt d‘Sozialministerin och eege Virstellungen huet, wat d‘Durabilitéit a Viabilitéit vum System ugeet, seet hien am 100,7-Interview. Dat wier fir hien de sprangende Punkt.

reading time

1 min

Marc Baum an der Chamber | © Flickr Chambre des Députés
Marc Baum an der Chamber (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Ee Plafonnement vun den héije Pensiounen op engem gewëssenen Niveau wier de "Kinnekswee", seet de Marc Baum - bei gläichzäitegen eropsetzen vun de Cotisatiounen. Et misst een nämlech kucken, nei Recetten an de Pensiounssystem ze kréien.

2012 bei der leschter Pensiounsreform hätt een d‘Depensen erofgeschrauft, wat zu enger "Explosioun vun der Altersaarmut" gefouert hätt. Déi läit haut bei iwwer 10 Prozent. Virun 10 Joer louch déi bei ënner 4 Prozent.

De Marc Baum kritiséiert, datt an der Diskussioun ëm d‘Pensiounsreform keng eege Propose vun der Regierung kommen. Et wéilt een net viru Fait-accomplië gestallt ginn, mee d‘Regierung hätt ee Kader fir d‘Diskussioun solle setzen.

play_arrow Den Interview mam Marc Baum lauschteren