Op der Dauer vum Kollektivvertrag, also Januar 2023 bis Dezember 2025, géif et eng Erhéijung vun zwee Prozent op de Salairen an um Barème ginn, esou de Stefan Araujo vum OGBL. Weider hätt een och elo Chèque-repasen agefouert.
“D’Verhandlungen hu laang gedauert, bal ee Joer. Do si mir eis eens ginn, op d'Ausbezuele vu Primmen, fir déi Zäit ze decken. Well Lounerhéijung retroaktiv ze rechne wier immens komplizéiert, da kréien d’Leit och elo direkt mat der Paie vum Oktober eng eemoleg Primm, déi och net schlecht ass. An dann am Januar kréie se dann déi éischt Effeten um Niveau vun der Paie.”
Neit Tariffer bei den Nuetsstonnen
Och d’Direktioun vun ArcelorMittal weist sech zefridden. Et wier ee sech an engem gudde Sozialdialog eens ginn an elo géif an Aarbechtsgruppen un enger neier Karriären- a Primmentabell schaffen, esou d’Direktioun vun Arcelor Mittal.
Déi eemoleg Fidélitéitsprimm am Oktober läit bei 1.200 Euro. D’Salariéen, déi op mannst e Joer Anciennetéit hunn, kréien nach eng weider Primm ausbezuelt: 2024 sinn et 600 Euro am November an dat Joer dono sinn et nach eng Kéier 500 Euro. Weider ginn och d’Tariffer fir d’Nuetsstonnen ëm siwe Prozent an d’Luucht.