Aus dem Präisdeckel gëtt eng Bäihëllef: Ronn 150 Milliounen Euro hëlt d‘Regierung an d‘Hand fir e gudden Deel vun de Netzkäschten ze iwwerhuelen. Déi maachen hirersäits ronn en Drëttel vum Stroumpräis aus.
Betriber kompetitiv halen
Domadder profitéieren elo net nëmme Privatleit, mee och Betriber vun dëse Bäihëllefen, an dat ass och esou erwënscht, sot de DP-Minister Lex Delles.
"Et geet eis drëm, firwat investéiere mir 150 Milliounen Euro an de Reseau? Well et eis als Regierung drëm geet, de Pouvoir d'achat vun de Leit kënnen ze halen. Op där anerer Säit awer och eise Betriber d'Méiglechkeet ginn an engem internationale Kontext kënne kompetitiv ze schaffen an dat Ganzt eeben och begleeden, dass mir d'Transition énergétique, also d'Transition d'électrification, och mat duerch kréien."
Bei déi 150 Milliounen Euro kommen nach eemol 80 Milliounen Euro u Kompensatiounsgelder, déi de Staat vum nächste Joer un iwwerhëlt. Also Suen, déi Produzente vun erneierbarem Stroum ausbezuelt kréien als Ausgläich wann hire Stroum um Marché ze bëlleg ass.
Ronn 288 Euro pro Stot ka gespuert ginn
Rechent een dobäi den Effet vu méi bëllegen Energiepräisser um Marché, da gëtt de Portmonnie vum Client däitlech entlaascht.
"Soudass mir dann op e gesamte Präis an der Moyenne vu ronn 25,8 Centime kommen, Kilowattstonn. Dat ass eng Differenz vun 23,9 Prozent, wou mir also mat deene verschiddenen Interventioune vum Staat den Energiepräis fir de Consommateur erofsetzen."
Am Schnëtt dierft een Duerchschnëtts-Stot domadder ronn 288 Euro d‘Joer u Stroumkäschte spueren. De Client selwer kritt vun dëse Mesuren ausser dem Ennpräis näischt mat. Et sinn och keng weider Demarchen noutwendeg.