Op et sech bei der Pann vun en Dënschdegnomëtteg am POST-Reseau sécher net ëm eng Cyberattack gehandelt huet, ka réischt no Ofschloss vun den Analysen definitiv bestätegt ginn. Alles géif awer op ee Softwarefeeler hindeiten. Zu dësem Bilan kënnt de Generaldirekter vun der POST Claude Strasser.
Ma och d‘Cellule de crise vum Haut Commissariat à la protection nationale hat sech mat der Pann befaasst.
Pann wéist Rei Schwächten op
De Lex Delles, Tutelleminister vun der POST huet d’Krisecellule presidéiert. De Wirtschaftsminister gëtt zou, datt dës Pann eng Rei Schwächten däitlech gemaach huet.
D’Noutruffdéngschter ware net ze erreechen an och d’Messagë vun den LU-Alerte war net ganz däitlech formuléiert. Un déi Betraffen, notamment d’Cliente vun der POST, sinn d’Alerte iwwerdems réischt erausgaang, wou d’Pann behuewe war.
Dës Problemer goufen an der Cellule de Crise nach net ugeschwat, esou de Lex Delles
Um Dënschdeg, wéi d'Cellule de crise zesumme komm ass, hätt een als Éischt prioritär gekuckt, datt de System souwuel bei der Police ewéi beim CGDIS an och bei der WOMO vun der Post -wou Ursach luuch - erëm soll retabléiert ginn, esou de Minister Lex Delles.
"Mee et ass elo wichteg, dorauser ze léieren an ze kucke wat d'Problemer waren a wéi een déi kann an Zukunft evitéieren.”
Och de CGDIS-Spriecher Michel Demuth huet am 100,7-Interview vun enger kritescher Situatioun fir d’Noutdéngschter geschwat.
“Dat heescht, et ass, wéi Dir elo gesot hutt, eng ganz kritesch Situatioun och gewiescht, och fir de CGIS, esou eppes, wat mir nach ni haten, datt wierklech d'Leit net un eis komm sinn.”
Elo géifen sech eng Rei Froe stellen. Virop déi vun der Erreechbarkeet vun den Noutruffdéngschter, wann d’Reseaue versoen.