Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Nei Sensibiliséierungscampagne vum Mobilitéitsministère

“D’Strooss fir all Mënsch, d’Reegelen och”

Nei Sensibiliséierungscampagne vum Mobilitéitsministère

Fir Vëlos- an Autofuerer un hir Verantwortung am Stroosseverkéier ze erënneren huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes um Méindegmëtten eng nei Sensibiliséierungscampagne presentéiert. Zil ass et, drop opmierksam ze maachen datt de Stroosseverkéier nëmmen da fir all Mënsch sécher ass, wa jiddereen sech un de Code de la Route hält.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes | © MMTP play_arrow
D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes (Foto: MMTP)

D’Campagne ënnert dem Titel “D’Strooss fir all Mënsch, d’Reegelen och”, besteet aus kuerzen informative Videoen, déi op heefeg Geforen am Verkéier opmierksam maachen. De Fokus läit dobäi op Situatiounen, bei deene virun allem déi méi Vulnerabel Acteuren aus dem Stroosseverkéier zu Schued kommen. 

"Do schwätze mir vu Leit um Vëlo, op der Trottinett, zu Fouss an um Moto. Déi Vulnerabel sinn trotzdeem an der Minoritéit op onse Stroossen."

Déi Vulnerabel géifen allerdéngs d'Majoritéit vun de Blesséierte representéieren, esou d'Yuriko Backes. 

Et wéilt ee mat der Campagne 4 Zenarie couvréieren, sou d'Mobilitéitsministerin: D'Iwwerhuele vu Cyclisten, den doudege Wénkel, de Respekt vun de roude Luuchten. "An dat Véiert ass d’Reegelen déi ee muss wësse ronderëm sougenannte guéën."

Lauschterenplay_arrow