Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Program (Pascal Schumacher Rework)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch a saarlännesch Mobilitéitsministerinne wëlle Roadmap fir Pendlerverkéier virleeën

Mobilitéit

Lëtzebuergesch a saarlännesch Mobilitéitsministerinne wëlle Roadmap fir Pendlerverkéier virleeën

Eng direkt Eisebunnsverbindungen tëschent Lëtzebuerg, Saarbrécken a Mannheim. Dat ass de But vun enger Etüd, déi den Ament vum Lëtzebuerger Mobilitéitsministère zesumme mat de saarlänneschen Autoritéiten duerchgeféiert gëtt.

auto_stories

1 min

Yuriko Backes a Petra Berg | © MMTP
Yuriko Backes a Petra Berg (Foto: MMTP)

Bei enger Entrevue e Méindeg hu sech déi zoustänneg Ministerinne Yuriko Backes a Petra Berg och drop gëeenegt, datt nach dëst Joer eng Roadmap soll virgeluecht ginn déi soll opweisen, wat am beschten am Interêt vum Pendlerverkéier soll geschéien.

E Schrëtt an déi Richtung ass den Deutschlandticket, deen op alle grenziwwerschreidenden Zuch- a Buslinne kann agesat ginn, de Pilotprojet leeft zënter ufanks des Joers.

Geschwat gouf awer och iwwer d'Sortië vun der A8 respektiv A13 op Schengen. Hei soll u Léisunge fir eng Entlaaschtung vun der Uertschaft geschafft ginn.