Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Reegele fir Sich- a Rettungsaktiounen am Mëttelmier

Asylpolitik

Nei Reegele fir Sich- a Rettungsaktiounen am Mëttelmier

D‘EU an déi europäesch Grenzschutz-Agence Frontex sollen nei Reegele kréien, wat d‘Sich- a Rettungsaktiounen am Mëttelmier ugeet. Dat fuerdert déi EU-Biergerbeoptraagt zu Bréissel. Si fuerdert och eng ëffentlech Analys vun den Doudesfäll am Mëttelmier.

auto_stories

1 min

Frontex | © picture alliance / Jan A. Nicolas/dpa | Jan A. Nicolas
Frontex (Foto: picture alliance / Jan A. Nicolas/dpa | Jan A. Nicolas)

D‘lescht Joer sinn Honnerte Migrante bei engem Schëffsaccident a Griichenland erdronk, an dee Virfall hätt gewisen, datt Frontex, mat den aktuelle Reegelen, net an der Lag wier, hir Missiounen ze erfëllen. Ausserdeem wier Frontex ze vill vun de Memberstaaten ofhängeg, wa Booter mat Migranten an Nout geroden.

Bei deem Bootsaccident a Griichenland zum Beispill hätt Frontex net kéinten, ouni d‘Autorisatioun vu Griichenland, agräifen.