Déi aktuell schwaarz-blo Koalitioun zu Wolz ass scho méi laang um Wackelen.
Bei de leschte Gemengewalen 2023 hat d‘LSAP zu Wolz gewonnen, mee si war an der Oppositioun gelant. D‘LSAP wier an de leschten Deeg esouwuel vun der CSV wéi och vun der DP kontaktéiert ginn, fir eng méiglech Zesummenaarbecht, heescht et am Communiqué.
CSV hätt 2023 d'Walresultat net respektéiert
Well d‘CSV d‘Resultat vun de Gemengewalen net hätt wëlle respektéieren, hätt d‘LSAP mat der DP verhandelt a gemeinsam Programmpunkten entwéckelt. Doropshin hätten déi Wëlzer LSAP- an DP-Fraktiounen hir jeeweils Parteivirstänn informéiert, datt si eng nei Majoritéit zu Wolz wëlle forméieren.
Dës nei Koalitioun hätt dann néng vun den 13 Mandater am Gemengerot. Iwwer déi zukünfteg Besetzung vum Buergermeeschterposten an de Schäffe ginn et am Communiqué keng Informatiounen.
Wéi d‘Tageblatt um Samschdegmoien preziséiert, missten, fir d‘CSV-DP-Koalitioun op legalem Wee ofzeléisen, d‘LSAP an d'DP de Budget 2026 ofleenen, iwwer dee geschwënn zu Wolz soll ofgestëmmt ginn.